Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch Iwwersetzung

Wëllkomm op Baabel.biz!

Ech sinn eng erfaren englesch / däitsch / lëtzebuergesch Iwwersetzerin a Copywriterin, déi no 15 Joer zu Brighton, England elo erëm zu Lëtzebuerg lieft. Ech bidden eng Rei méisproocheg Servicer (jojo, Serwisser…) un ewéi Lokaliséierung, Post-Editing (MTPE), Korrektur an Artikele verfaassen. Ech si virun allem spezialiséiert op Software, eCommerce, Management a Marketing.

Brauch ech wierklech eng Iwwersetzerin?

Firwat sollt Dir haut nach Iwwersetzer benotzen, wou dach KI-gesteiert Maschinneniwwersetzung ëmmer méi sophistiquéiert gëtt (am Lëtzebuergeschen natierlech nach manner). Eng “Lokaliséierung” verlaangt vill méi ewéi just d’Wierder vun enger Sprooch an déi aner ze setzen. Fir eng Zilgrupp effikass unzespriechen, Mëssverständnisser z’évitéieren an net ongewollt Är Clientë virun de Kapp ze stoussen, braucht Dir eng Persoun, déi d’lokal Kultur a Gebräicher kennt. A mengem Artikel Ein Seiltanz zwischen den Kulturen (op Däitsch) gitt Dir méi gewuer iwwer meng Philosophie a mäin Interessi um Iwwersetzen.

Lëtzebuerg – eng ganz besonnesch Situatioun

Wann Dir dat hei op Lëtzebuergesch liest, brauch ech Iech d’Sproochesituatioun am Land wuel net z’erklären! 😉

Benotzt d’Linken am Menu uewen, fir weider Infoen iwwer meng Servicer ze kréien, Textprouwen erofzelueden a Referenze vun anere Clienten ze liesen. Am Moment nach op Däitsch, alternativ op Englesch! Meng Kontaktdaten a Linken op sozial Medie fannt Dir hei ënnen drënner – och op Lëtz!